KKU Evenementer
NEWS & Upcoming events
5&6.12 Routen ofschrauwen
12-14.12 Nei Route schrauwen
02.12.2024 Interklub zu Biissen
De Biissener Klamm Klub KKB huet de KKU invitéiert op den traditionnellen Interklub. Eng flott Wand, cool Routen, eng relax Stëmmung an eng sympatsch Ekipp vu motivéierte Klëmmer. Merci fir dee flotten Owend.
01.12.2024 National Lead Championship Senior
The National Lead championship in the categories U18, U20, Senior, and Masters has been an epic climbing showdown at Coque! Thanks to the athlets, belayer, judges and the whole competition-team that did a great job!
28.11.2024 Assemblée Générale KKU 2024
19h00 Adress: Lycée Ermesinde
Neie Président: Damian
Vice-Président: Fernand
Secrétaire : Françoise
Secrétaire adjointe : Josiane
Trésorier : Yannick
Trésorier adjointe : Myriam
membres comité: Tom, Benoît, Manon
nouveaux membres: Mathilde & Lou
Mir soen dem Tom Fourmann Merci fir säin engagement am KKU.
16&17.11.2024 National Bouldering Championship
Whether you're aiming for the top spot or just want to challenge yourself, this event is for you. With categories from Youth U12 to Masters, there's a place for every climber!
16.11.2024 Spillfest vu Fit Kanner Miersch
KKU huet d Klammwand vum EIMAB animéiert. Spass fir all di Kleng !
24.10.2024 Interklub KKU-KKB
De Klammklub Uelzechtdall huet de Kollegen vum KKB vu Biissen invitéiert op gemeinsam Fräiklammsession. Dono ware mir nach an Fabrik ee n Drénken. Merci fir dee flotten Owend.
03.10.2024 Porte Ouverte vum KKU
Am Lycée Ermesinde konnten Jonker a manner jonker ausprobéieren wéi et ass gesechert d´Mauer erop ze klammen. Villmools Merci un gidfereen de gehollef a matgemaach huet!
28.09.2024 WomenBouldering Festival zu Mamer
The Women's Bouldering Festival is a taking place outdoor in Mamer. it is a collaboration between Boulder Klub Lëtzebuerg and Boulder Klub Mamer. All benefits will be donated to breast cancer coalition Europa Donna Luxembourg.
16-18.9.2024 Rentrée nei Saison 2024/25!
Mat neie Kueren an neien Trainer huet di nei Saison de 16.9 gestart. Merci Jidderengem deen an der Vakanz gehollef huet d Rentrée ze preparéieren an ee Grousse Merci un eis Memberen an d Elteren fir Ärt Vertauen säit 1996 !
16.9.2024 HiFive neie Partner vum KKU
Ab dësser Saison ass HiFive ofiziellen Partner vum KKU. HiFive.lu organiséieren alles ronderem de Klammsport. mir wënschden dem Ingmar an Tom vill Erfolleg mat hierem Projet a freeën eis op Traininger Mëttwochs owes mam Tom.
14.09.2024 Entretien WANTERBAACH zu Berdorf
wi all Joers trëfft sech d'Klammszeen am September zu Bäertrëf bei de Fielsen vun der Wanterbaach. De KKU war dobäi an huet eng Initiatioun fir seng Memberen organiséiert. Dono gouf et ee Patt. Merci FLERA fir dëse floten Event deen schon zur Traditioun ginn ass.
28-30.08.2024 Nei Klammroute schrauwen
Petra & Martin vun hunn eis insgesamt 32 nei Klammouten um rietsen Deel vun der Klammwand fir d Rentrée geschrauwt! Vill flott Routen warden op iech :)
01&02.08.2024 Klammrouten ofbauen
Preparatiounen fir di nei Klammrouten fir d Rentrée. All d'Klammrouten vum rietsen Deel vun der Klammwand am Lycée Ermesinde sinn ofgebaut an all d' Grëffer gekärchert ginn!!! Merci allen di gehollef hunn Mathilde, Manon, Steveo Joel, Steve a Fern.
15.07 - 15.09.2024 Fräiklammen zu Biissen
15/07 bis 13/09 Méindes, Mëttwochs a FREIDES Owes Fräiklammen zu Biissen!
Just fir Memberen vum KKB a KKU mat Klammpass.Virklammen ass net erlabt!
Ee Grouse MERCI un di ganz Ekipp vun KKB !
13.07.2024 Start Umeldungen fir d Saison 2024/25
Klammkueren
Méindes (LEM) Trainer: Paul (L, D, F, EN)
17:30-18:30 Kids 8-10 Joer (Alter um Datum vum 15.09.24!)
18:30-19:30 Teens 11-13 Joer
19:30-21:00 Masters 20+
Dënsdes (LEM) Trainer: Juan (F, ES)
17:30-18:30 Kids 8-10 Joer
18:30-19:30 Teens 11-13 Joer
19:30-21:00 Masters 20+
Mëttwochs NEI: LEM ! Trainer: Tom (L, D, F, EN)
17:30-18:30 Kids 8-10 Joer
18:30-20:00 U20 14-19 Joer ! NEI !
19:30-21:00 Masters 20+
Fräiklammen
Donneschdes (LEM) - Keen Trainer!
18:00-21:00 ab 15 Joer an Nëmmen mat Klammpass
18:00-19:00 Elteren-Kanner Klammen NEI !
Umeldung : LINK op eist "Mitgliederportal" fir bestehend Memberen.
Nei Memberen : LINK -> https://www.kku.lu -> Member ginn
11.7.2024 Visite Expo ""Campus sportif Mierscherbierg"
interessant Visite am "Mierscher Theater/Kulturhaus" vun der Expo betreffend d Projet'en vum geplangten Sports Campus um Mierscherbierg.
8 &9.7.2024 Ofschloss-Sortie um Krounebierg
Traditionell gëtt zum Ofschloss vun der Saison gegrillt.
3.7.2024 présentation projet "Campus sportif Mierscherbierg"
Exposition des projets finaux du dialogue compétitif pour le développement d'un campus sportif avec mur d'escalade au Mierscherbierg. L’exposition au Kulturhaus est ouverte: Lu-Ve 14:00 - 17:00 et 1 heure avant chaque spectacle. Entrée gratuite.
La commune de Mersch va connaître une croissance démographique importante grâce à plusieurs projetsd’envergure en cours, notamment le développement urbanistique du Quartier de la Gare de Mersch. Cette croissance nécessite une augmentation des capacités d’accueil des infrastructures scolaires et sportives de la commune. En outre, une modernisation des infrastructures sportives s’impose pour répondre aux besoins actuels et futurs des nombreuses associations sportives. Sur la base d’une analyse de l’existant, un processus de consultation a été lancé en 2019 visant l’élaboration d’un cahier des charges avec un programme de construction. Afin de permettre la mise en oeuvre du programme et de créer un lieu commun, des terrains d’une surface d’environ 9 hectares ont été achetés et reclassés au Mierscherbierg à ces fins.
Ensuite, un dialogue compétitif rémunéré a été lancé en 2023 avec trois équipes d’architectes, d’ingénieurs et d’urbanistes pour élaborer des projets sommaires. Les résultats du dialogue compétitif, dont le projet vainqueur, seront exposés du 4 juillet au 27 juillet 2024 au Mierscher Kulturhaus.
Extrait: Gemengebuet Den Nik n°150 juni 2024
22.06.2024 Virowend national Féierdag
wi all Joer invitéiert d Gemeng op de Cortège um Virowend vun national Féierdag. Vive Lëtzebuerg, vive den Heng!
8.6.2024 Nuit du Sport zu Miersch
di 3ten Editioun vun der Nuit du Sport war ee groussen Erfolleg mat iwwert 1200 Visiteuren !
Ronn 200 Jonker hunn un eisem Stand deel geholl an. Merci un d Gemeng Miersch a FitKannerMiersch fir di super organisatioun. Grousse Merci och un d Mathilde fir di schéi Fotoen https://mathildemagne.com
5.6.2024 Nei Klammrouten am EIMAB geschrauwt
fir d Nuit du Sport den 8.6 hu mir zousätzlech einfach Klammrouten geschrauwt. Merci Steve, Frutz a Fern.
18.4.2024 Assemblée générale vun der FLERA
Fédération luxembourgeoise d'Escalade, Randonnée sportive et de l'Alpinisme kuerz FLERA huet den 18.4.24 am Boulodrome national zu Suessem seng Generalversammlung ofgehaal. de KKU war als Grënnungsmember natiirlech mat dobäi. Kenge Résumé:
1. D'Cotisatioun fir d Klibb ass vu 5€ op 10€ pro Member gehuewe ginn. (+125€ forfait pro Klub)
2. De Budget fir 2024 ass approuvéiert ginn;
3. De Jacques Welter ass fir ee weidert Joer als Président vun der FLERA confirméiert ginn.
4. D Memberen Daniel Martin KKU, Tom Dieschbourg an den David Antunes hunn sech aus dem Comité zereck gezunn.
GROUSSE Merci fir di vill GUT Aarbecht di d'FLERA mat un der Spëtz de Jacques benevole geleescht huet.
Weider esou!
7.4.2024 NEI Eltere-Kanner Klammsession
Nei Regelen fir d'Fräiklammen:
1) Memberen mat Klammpass kënnen hier Kanner tëscht 3 an 8 Joer "gratis" mat an d'Fräiklammen matbrengen. D Kanner dierfen just vun hieren Eltere geséchert ginn. 2) Kanner ab 8 Joer musse Member am Klub sinn an därfen bis zum Alter vu 15 Joer net sécheren an dierfen och just vun hieren Eltere geséchert ginn.
6&7.4.2024 Stage Route schrauwen
KKB & KKU hunn zesummen ee Stage zu Biissen organiséiert.
Merci dem Tom an Ingmar vun Hi-Five climbing & adventure https://hifive.lu
27.3.2024 Nei Klammrouten am LEM !
Een zousätzlecht Seel a 24 nei Klammrouten waarden op Iech !
D'Bewertungsskala vun der Schwieregkeet gouf och ugepasst:
Faarf vum Ziedel - Schwieregkeet
Greng - Einfach
Giel - manner Einfach
Nei: Orange - Bësse schweier
Blo - schweier
Roud - sauschweier ! ;)
Villmools Merci der ganzer Ekipp di gehollef huet!!!
17.3.2024 FUN-CUP zu Biissen
di 3. Editioun vum Fun-Cup, organiséiert vum KKB a KKU, war ee groussen Erfolleg!
Merci jidderengem deen deelgehol, gehollef oder gesponsored huet.
Mir gratuléieren eisen Athleten um Podium:
KIDS - 2. Plaz Anaïs - 1. Plaz Ben-Gaius 2. Plaz Mathis 3. Plaz Baptiste
TEENS 2. Plaz Danielle
MASTERS: 3. Plaz Françoise&Tessy - 1. Plaz Antoine & Fern 2. Plaz Laurent
29.2.2024 Interklub KKN & KKU
Mir waren zu Nidderanven op Besuch
07.02.2024 Fuesend un der Kloterwand :)
27.01.2024 Porte ouverte LEM
Eng Geleegenheet jonk Klemmer ze begeschteren
11.01.2024 YOGA-Kueren mam Marierose
"Méi Beweeglechkeet, Kraaft an eng bessser Kierperspannung genee esou wéi Konzentratioun, eng kontrolléiert Otmung an Entspaanung hëllefen dir besser ze klammen awer och soss am Alldag."
Wéini : Donneschdes Owes 18h15-19h15
Datumer : 11.1 / 18.1 / 25.1 / 01.02 / 08.2 / (10-18.2 ass Vakanz) 22.2/ 29.2 / 07.03 / 14.3 / 21.3
Wou : Sall D.1.10 1. Stack vun der Sportshal vum Lycée Ermesinde Mersch 45, rue de la Gare L-7590 Mersch
Ween: Memberen vu KKU genee esou wéi net Memberen si wëllkomm!
Trainer : Marierose Frank huet 2016 seng Ausbildung zur Yogalehrerin am "Berufsverband der Yoga Vidya Lehrer" gema
Oflaaf : Mir konzentreieren eis ob Yoga-Übungen dei esouwuel Kraft, Beweeglechkeet, Otmung an Ausgläich förderen. D'Kueren beinhalt Beweegungs- wéi och Entspaanungsphasen.
Präis : 80 € fir 10 Séancen , Schnupperkuer 12€
Umellen per Email: klammklub.uelzechtdall@gmail.com
25.12.2023 Schéi Ferierdeeg an ee gudde Rutsch!
Wichteg: Wärend der Vakanz 25.12.2023-07.01.2024 si keng Klammkueren!
14.12.2023 Interklub KKN & KKU
Kollege vun Nidderanven waren op Besuch
11.12.2023 Kleeschen-Challenge
eng besonnesch Erausfuerderung fir déi Grouss an déi Kleng!
09.12.2023 Route schrauwen LEM
Nodeems di ganz riets Säit vun der Klammwand ofgeschrauft gouf, sinn haut nei Klammrouten geschrauft ginn! D'Routen sinn am "Boulder"-Style geschrauft a ginn och wéi beim boulderen mat Startgrëffer, markéiert mat schwaarzen Tape, gestart an den Top muss mat 2 Hänn gehaale ginn.
Vill Spaass beim testen an ee grousse Merci all de Fräiwëllegen déi gehollef hunn!
02.12.2023 Boulder Championnat am BLOCX zu Esch Event "APE-X Boulder Cup" by BLOCX
20.11.2023 Sortie op Bissen
An enger flotter Session hu mir mat dem KKB zu Bissen nach eng kéier gemierkt wéi ustrengend eng méi héich Mauer ka sinn;) Villmools Merci un de KKB fir den Accueil an de Patt
15.11.2023 Assemblée générale KKU
An enger flotter Ambiance hu mir di lescht Saison Revue passéiere gelooss an een "neie" Comité gewielt. Merci un de Fred fir di impressionant Präsentatioun vu senger Big Wall Expeditioun am Josemite an den USA! op der Foto fehlen: Josiane a Myriam
21.10.2023 National Lead Championship
Categories D-C-B @ D-Summit
Merci D-Summit & FLERA fir di super Competitioun! 👏
23.09.2023 Clean-Up Day zu Berdorf org. FLERA
All Hëllef ass hei wëllkomm 💪
Trainer : Fern
17h30-18h30 KIDS 8-10 ans
18h30-19h30 TEENS 11-14 ans
19h30-21h00 Fräiklammen ab 15 Joer
Emmer rem eng haart Session, déi éischt no der Summervakanz! ;)
Grousse Merci un Directioun vum Lycée Ermesinde dass si eis esou eng super Beliichtung fir d Klammwand installéiert huet!
Petra a Martin, Kollegen aus Tschechien, hunn dann och nach duerno an 3 Deeg 22 nei Klammroute gezaubert. Vill Spaass och hei beim testen. 🤩
28.08.2023 Routeschrauwen @ EIMAB
Insgesamt 19 nei Klammroute hunn d´ Petra an de Martin an 2 Deeg geschrauwt. Et gëtt vill Neies ze testen 🤩
27.08.2023 Visite Chantier vu Blocx
der gréisster Boulderhal aus der Groussregioun
Mir freen eis do boulderen ze goen wenn et fäerdeg ass. Gesäit well mega aus 🤩
24.08.2023 Nei Prisen vun „Euroholds“ sinn ukomm!
18-20.08.2023 Kolla Festival Parc Miersch
KKU huet ee Slackline-Parcour Samstes a Sonndes um Kolla X Event, ee Familjenevent deen vun der "Kolla Asbl" zesummen mat der Mierscher Gemeng organiséiert gëtt.
Iwwersiicht :
15.07-15.09.2023 Fräiklamm-Session an der Summervakanz
Méindes a Mëttwochs Fräiklammen zu Biissen mam KlammKlub Biissen!
Wichteg: Dëst gëllt nëmmen fir di Léit di ee Klammpass hunn an et kascht 20EUR fir dee ganze Summer.
10&11.07.2023 Ofschloss vun der Saison
Treffpunkt Fitness-parcour Krounebierg fir dono ze grillen an chillen :-)
22.06.2023 Cortège Nationalfeierdag
De KKU wor och dest Joer vertrueden
15.06.2023 Ovatioun FC Marisca
De KKU wor mat dobäi 💪
13.05.2023 Nuit du Sport
Nuit du sport wor dëst Joer e grousse Succès! Mir hoffen dass déi iwwer 200 Kanner déi oft vir d´éischt geklomm sinn Spaass haten. Merci un all jiddereen deen gehollef huet. Villmools Merci och un eise neie Sponsor Besch A Gaarden Zenter
07.05.2023 FUN-CUP KKU&KKB zu Biissen
Di 2. Editioun vum FUN-CUP war ee groussen Erfolleg. Insgesamt 54 Teilnehmer sinn an 3 Kategorien geklommen. Merci eisem Sponsor "Casper's Climbing Shop" an der Gemeng Biissen!
27.03.2023 Den Ouschterhues koum laanst
letzten Training virun der Vakanz
01.05.2023 Sortie an de Fiels
Fielsklammen bäi Audun-le-Tiche
28-29.04.2023 Stage Route Schauwen
Wéi schrauft een Routen? Och dat muss geléiert senn.... Formatioun mam David Lequeux!
22.4.2023 AG FLERA an der Fiels
An der Fiels am Centre vum SNJ Osterbour hunn sech de Samsden 22.4.23 ronn 30 Vertrieder aus de 14 Veräiner vun der FLERA versammelt. De KKU, a virun allem eise President de Fernand Wictor hunn des Assemblée organiséiert.
Wichteg News dozou:
Neie President : Jacques Welter (BKL)
Neie Club : BKM - Boulderklub Mamer
Cotisatioun gouf erhéicht vun 3,5€ op 5€/Member/Joer fir de Budget an den Equiliber ze bréngen.
D FLERA huet vill Projeten fir 2023-24 an ass op Benevoller ugewisen fir punktuell u verschidden Dossieren mat ze schaffen.
Laangfristeg kënnt d´ Federatioun net dolaanscht sech nei opzestellen fir all hiere Missioune gerecht ze ginn Stéchwuert: Professionaliséierung!
Als Abschid kruten de Jang a Fernand ee Seel geschenkt fir Merci ze soen fir hiert laangjäregt Engagement an der Federatioun.
11.03.2023 Klammen mat de Mierscher Scouten
Klammen mat dem LGS St Michel Miersch
25.02.2023 Sortie an d'Boulderhaal "Eifelblock" op Tréier
Flott Sortie ob Tréier an den Eifelblock. Alles ginn a gudde Muskelkater
20.02.2023 D´Kanner hu sech verkleet
Verkleet mech dat ganzt nach vill méi Spass
28.01.2023 Portes ouvertes am Lycée Ermesinde
Vill Kanner hunn sech déi éischt léier un d´Klammmauer getraut. Glécklecherweis wor de KKU mat ville Klëmmer présent vir déi jonk Ufänger ze ënnerstëtzen
26.01.2023 Fräiklamm-Session mat dem KKB Klammklub Bissen
14 Klemmer aus béide Klubs hunn sech zesummefonnt
19.01.2023 Artikel iwwer d´ Wanterbaach
vun eisem Präsident Fernand Wictor
Publizéiert an der floter Zeitung Ardennes et Alpes n°214 vun der belscher Klammfederatioun Club Alpin Belge.
19.01.2023 Fräiklamm-Session
All Donneschden um 18:30
02.01.2023 Flotten Start an d' Klammjoer mat dem KKB KlammKlub Biissen
Merci un de KKB
08.12.2022 Ofschrauwen/ Prise botzen & Inventar
Grousse Merci un di ganz Ekipp an u Global Facilities fir Är grouss Hëllef!!
17.11.2022 Assemblée générale vum KKU
Am Scoutshome zu Miersch hu mir de Bilan vun der leschter Saison gema, een neie Conseil d'Administration opgestallt an de Budget fir kommend Saison 2023-24 festgehaal. Grousse Merci un den Schäffen Henri Krier, Här Mehmed Özen Member vun der Direktioun vum Lycée Ermesinde, Eieremember Gilbert Schneider (Gérant vum RedRock Climbing Center an 18 Joerlaang Président vum KKU) , Grupp LGS St Michel Miersch fir d Räumlechkeeten a jidderengem deen Deel geholl huet. Merci Fränk fir di flott Fotoen vu fréier!
Eisen neie Conseil d'Administration besteht aus folgenden 12 Leit:
Président: Fernand
Vice-Président : Tom F.
Secretaire générale: Françoise
Secretaire adjoint : Damian
Trésorier général: Yannick
Trésorier adjointe: Mim
Représentant RGPD: Tun
Représentant FLERA: Daniel
Responsable Materiel/Stock: Benoît
Responsable Finances/Sponsoring: Manon
Responsable jeunesse : Josiane
Responsable Media : Tom Fo.
19.11.2022 Sortie bei de KKN op Niederanven
Grousse Merci un de Ingmar an di ganz Ekipp vum KKN.
24.9.2022 Clean-Up Day an der Wanterbaach BERDORF
25.9.22 Symposium <NEW DEAL>zu Berdorf FLERA
12&13.9.2022 Nei Voien geschrauft !
Wéi schonn di 2 lescht Joeren kommen d Petra an de Martin aus Tcheschien eis hëllefen fir ganz vill flott nei Routen ze schrauwen. Mir hunn ee groussen Deel vun den Grëffer ofgeschrauwt a gewäsch.
20.08.2022 Sortie Stau
Comité um Stand-up-Paddle a Kanu um Stau
10.07.2022 Sortie Diekrech Porte ouverte Kayak Klub
Merci Anne an Yves fir déi flott an naas Sortie :)
30.06.2022 Soirée Interclub KKU & KKB
à Mersch
27.06.2022 Sortie Interclub KKU&KKB
zu Biissen
D'Memberen vum KKU a KlammKlub Biissen klammen zesummen zu Biissen.
11.06.2022 Nuit des sports
à Mersch
Eicht Editioun mat groussem Succès!!!
14.05.2022 Fun-Cup zu Biissen
De KKU huet zesummen mam KKB ee flotten FunCup organiséiert.
30.04.2022 Nei Klammrouten fir de Fun-Cup zu Biissen
28.4.2022 Nei Routen fir de Lycée zu Miersch
Grousse Merci un di ganz Ekipp Max, Paul, Petra a Martin!
2-8.04.2022 Trainer-ausbildung FLERA-ENEPS
De Paul a Fern hunn un der Formatioun am RedRock Climbing Center zu Suessem deel gehol !
26&27.03.2022 Championnat national LEAD
@Coque
inscription 20€ : LINK
Programm
26/03 8h00 - 16h00 Cat. D-C-B
27/03 12h00 - 19h00 Cat. A-Senior-Masters
Entrée grutite!
fir Iesen an drénken ass gesuergt ;-)
05.03.2022 Assemblée générale vun der FLERA
All d Klamm-Klibb aus dem Land waren invitéiert fir zu Niederanven de Bilan vum leschte Joer ze maachen, de Comité ze wielen an zesummen ee gemiddlechen Owend ze verbrëngen. Merci dem KKN fir d Organisatioun de Béier an de lecker Sushi :-)De KKU war mat 4 Memberen gut vertrueden. Den Daniel ass als neien Member am Comité gewielt ginn. E Grousse Merci fir däin Engagement a vill Spaass bei de villen interessanten Projeten déi s du an der FLERA kanns ënnerstetzen.21.2.2022 Tshirts fir 25 Joer KKU
Zanter 1996 gëtt et eise Veräin. Well mir lescht Joer net konnte féiern huelen mir dat dëst Joer no! Hei sinn e Puer Fotoen vum Training mat den neien Tshirts. Mir plangen nach weider Iwwerraschungen fir di 25 Joer zesummen ze féieren...
07.02.2022 Soirée Interclub KKB&KKU
D'Memberen vum KKU a KKB klammen zesummen zu Biissen. Grousse Merci un de KKB an d Gemeng Biissen!
14.12.2021 Leschten Training virun der Vakanz
Mir wënschen all eise Memberen, Famill a Frënn schéi Féierdeeg an ee gudde Rutsch.
10&11.12.2021 Nei Voien geschrauft
Grousse Merci dem Peta, Martin, Manon, Tun a Fernand fir 22 nei Voien !
9.12.2021 Generalversammlung KKU
Weini: Donneschden 9.12.2021 um 18h30
Wou: Biereng Hotel Marta
Wat: et geet ëmm d Zukunft vun dengem Klub
... dono zesummen iesen, drénken a Keele spillen :-)
Umeldung : klammklub.uelzechtdall@gmail.com
18&25.11.2021 STAGE OUVREUR
zu Miersch mam David Lequeux, Gérant vun der Kloterhal L'Escale vun Aarel.
14+15.11.2021 National lead championship
@ Coque
Klick here to see the: RESULTS
25.09.2021 Porte Ouverte zu Biissen KKU & KKB
14:00 - 17:00 Porte ouverte KKU & KKB zu Biissen
Jiiddereen ass Wëllkomm fir de Klotersport ze endecken
20.09.2022 Traininger fänken nees un!
Méindes an Dënschdes Owes bidden mir Klammkueren fir Jonk a manner Jonk ;)
18.09.2021 CLEAN-UP Day
Och dëst Joer organiséiert d Federatioun FLERA nees ee Clean-up Day zu Berduerf. Jiddereen ass wëllkomm fir ze hëllefen fir eis Fielsen an d Weer propper ze haalen.
Mat dem kaaf vun engem T-Shirt fir 25€ kann een d Federatioun ennerstëzen.
wou: CASPER's Climbing Shop zu Mamer & RedRock Climbing center zu Suessem
16.09.2021 Porte ouverte KKU Mersch
6.+13. 07.2021 Sortie Aarel
no laanger Zäit huet d Klammhal L'ESCALE zu Aarel den 9. Juni 2021 nees seng Dieren op gema. Si hunn net nëmmen nei ugestach mee och ganz vill nei flott Route geschrauft!
12.06.2021 Symposium
5.6.2021 Nuit du Sport zu Biissen
de samsten 5. Juni 2021 konnt wärend der "Nuit du Sport" jiddereen vill sportarten entdecken an dobäi och d Kloterwand testen. Den Interessi war grouss an den Event ee vollen Erfolleg!
13.12.2020 Championnat de Luxembourg canceled!
19.09.2020 CLEAN-UP DAY
Rendez-vous zu Berdorf Parking "Maartbësch"
Jiddereen ass wëllkomm fir eng Hand unzepacken. Mir botzen lanscht d Weeër, d Klammrouten an drenken dono ee Patt zesummen.
27.06.2020 Clean-Up Day zu Audun-le-Tiche (F)
02.06.2020 ANSELM GEIMER 8b+ Frankenjura
Nodeem den Anselm Geimer (KSE) ganzer 6 Routen am 8b geklomm ass huet hien den 2 Juni 2020 di eicht 8b+ genannt "Zentrifuge" duerch geklomm!
Respekt a Gratulatioun !!!
07.04.2020 Luxembourg Balloon Trophy
ass annuléiert!
sollt den 26+27.07.2020 zu Miersch am Parc sinn. Leider sinn all d Aktivitéiten wéinst dem Covid19 annuléiert. KKU hat wéi virun 2 Joer ee Stand mat Kloteraktivitéiten geplangt...
Photo 2018
2020 Projet: Kloterhal am Sportskomplex um Mierscherbierg
De KKU huet u Versammlungen mat der Gemeng Miersch deelgehol betreffend de Projet vun enger neie Klammwand am Sportskomplex um Mierscherbierg
13.03.2020 YOGA-Kueren sinn annuléiert!
YOGA-Kueren mat dem Marierose Donneschdes Owes si wéinst COVID-19 annuléiert ginn.
Mir hoffen dass d'Kueren kënnen am September nogeholl ginn.
24.11.2019 KKU Fun-Cup zu Biissen
Grousse MERCI un d Gemeng Biissen a jiddereen den eis eng Hand ugepack huet.