E grousse Félicitatiounen un all d'Participanten vun dëser 4. Editioun, e grousse Merci un all Benevolen an un all Zuschauer fir hir Ënnerstëtzung!
Fannt all d'Fotoen vum Dag hei :
👉 FUN CUP PICTURES 📷
Wann Dir wëllt datt Är Fotoen aus dem ëffentlechen Album geläscht solle ginn, schéckt eis w.e.g. eng E-Mail, mat der Fotonummeren uginn, Merci.
A fun competition organized by a collaboration of D-Summit, KKBiissen and SCZolwer. Thx for having us.
KKU geet op Paräis fir d'Klettershow! 🤩
Den Weekend vum 11. an 12. Januar war de KKU um Salon d'escalade zu Parais
Konferenzen, Workshops, Ausrüstung ... grousse Programm https://www.salon-escalade.com
Merci KKB fir d organisatioun vun dëssem Stage un deem och KKU Memberen deel gehol hunn.
Ho ho ho, et gesäit aus wéi wann de Kleeschen beim KKU lanscht koum! 🧑🎄Hien huet eis Petra & Martin vun WOMyL matbruecht ! Nei Routen ze hunn ass ëmmer e spannende Moment an d'Virbereedung ass ëmmer lëschteg.
Mir kënnen net waarden fir se ze probéieren! E grousse Merci un all déi grouss a kleng Hänn déi laanscht komm sinn fir ze hëllefen!
@D-Summit zu Diddeleng
D'KKU huet an der Hal vum Lycée Ermesinde e Cours fir Routen ofzeschrauwen organiséiert. Tëscht Sécherheet an Effizienz hu si séier geléiert sech selwer ze organiséieren. E grousse Félicitatiounen eis jonk "Route setter" !!!
De Biissener Klamm Klub KKB huet de KKU invitéiert op den traditionnellen Interklub. Eng flott Wand, cool Routen, eng relax Stëmmung an eng sympatsch Ekipp vu motivéierte Klëmmer. Merci fir dee flotten Owend.
The National Lead championship in the categories U18, U20, Senior, and Masters has been an epic climbing showdown at Coque! Thanks to the athlets, belayer, judges and the whole competition-team that did a great job!
19h00 Adress: Lycée Ermesinde
Neie Président: Damian
Vice-Président: Fernand
Secrétaire : Françoise
Secrétaire adjointe : Josiane
Trésorier : Yannick
Trésorier adjointe : Myriam
membres comité: Tom, Benoît, Manon
nouveaux membres: Mathilde & Lou
Mir soen dem Tom Fourmann Merci fir säin engagement am KKU.
KKU huet d Klammwand vum EIMAB animéiert. Spass fir all di Kleng !
De Klammklub Uelzechtdall huet de Kollegen vum KKB vu Biissen invitéiert op gemeinsam Fräiklammsession. Dono ware mir nach an Fabrik ee n Drénken. Merci fir dee flotten Owend.
de KKU investeiert an neit Material fir vill verschidden Routen an all schwieregkeets Beräich kënnen ze offréieren.
All Joers ginn d Secherungspunkten vum Klammsite "Wanterbach" duerch d FLERA kontrolléiert, de KKU war mat dobäi.
Am Lycée Ermesinde konnten Jonker a manner jonker ausprobéieren wéi et ass gesechert d´Mauer erop ze klammen. Villmools Merci un gidfereen de gehollef a matgemaach huet!
The Women's Bouldering Festival is a taking place outdoor in Mamer. it is a collaboration between Boulder Klub Lëtzebuerg and Boulder Klub Mamer. All benefits will be donated to breast cancer coalition Europa Donna Luxembourg.
Mat neie Kueren an neien Trainer huet di nei Saison de 16.9 gestart. Merci Jidderengem deen an der Vakanz gehollef huet d Rentrée ze preparéieren an ee Grousse Merci un eis Memberen an d Elteren fir Ärt Vertauen säit 1996 !
Ab dësser Saison ass HiFive ofiziellen Partner vum KKU. HiFive.lu organiséieren alles ronderem de Klammsport. mir wënschden dem Ingmar an Tom vill Erfolleg mat hierem Projet a freeën eis op Traininger Mëttwochs owes mam Tom.
wi all Joers trëfft sech d'Klammszeen am September zu Bäertrëf bei de Fielsen vun der Wanterbaach. De KKU war dobäi an huet eng Initiatioun fir seng Memberen organiséiert. Dono gouf et ee Patt. Merci FLERA fir dëse floten Event deen schon zur Traditioun ginn ass.
Petra & Martin vun hunn eis insgesamt 32 nei Klammouten um rietsen Deel vun der Klammwand fir d Rentrée geschrauwt! Vill flott Routen warden op iech :)
Preparatiounen fir di nei Klammrouten fir d Rentrée. All d'Klammrouten vum rietsen Deel vun der Klammwand am Lycée Ermesinde sinn ofgebaut an all d' Grëffer gekärchert ginn!!! Merci allen di gehollef hunn Mathilde, Manon, Steveo Joel, Steve a Fern.
15/07 bis 13/09 Méindes, Mëttwochs a FREIDES Owes Fräiklammen zu Biissen!
Just fir Memberen vum KKB a KKU mat Klammpass.Virklammen ass net erlabt!
Ee Grouse MERCI un di ganz Ekipp vun KKB !
Klammkueren
Méindes (LEM) Trainer: Paul (L, D, F, EN)
17:30-18:30 Kids 8-10 Joer (Alter um Datum vum 15.09.24!)
18:30-19:30 Teens 11-13 Joer
19:30-21:00 Masters 20+
Dënsdes (LEM) Trainer: Juan (F, ES)
17:30-18:30 Kids 8-10 Joer
18:30-19:30 Teens 11-13 Joer
19:30-21:00 Masters 20+
Mëttwochs NEI: LEM ! Trainer: Tom (L, D, F, EN)
17:30-18:30 Kids 8-10 Joer
18:30-20:00 U20 14-19 Joer ! NEI !
19:30-21:00 Masters 20+
Fräiklammen
Donneschdes (LEM) - Keen Trainer!
18:00-21:00 ab 15 Joer an Nëmmen mat Klammpass
18:00-19:00 Elteren-Kanner Klammen NEI !
Umeldung : LINK op eist "Mitgliederportal" fir bestehend Memberen.
Nei Memberen : LINK -> https://www.kku.lu -> Member ginn
interessant Visite am "Mierscher Theater/Kulturhaus" vun der Expo betreffend d Projet'en vum geplangten Sports Campus um Mierscherbierg.
Traditionell gëtt zum Ofschloss vun der Saison gegrillt.
Exposition des projets finaux du dialogue compétitif pour le développement d'un campus sportif avec mur d'escalade au Mierscherbierg. L’exposition au Kulturhaus est ouverte: Lu-Ve 14:00 - 17:00 et 1 heure avant chaque spectacle. Entrée gratuite.
La commune de Mersch va connaître une croissance démographique importante grâce à plusieurs projetsd’envergure en cours, notamment le développement urbanistique du Quartier de la Gare de Mersch. Cette croissance nécessite une augmentation des capacités d’accueil des infrastructures scolaires et sportives de la commune. En outre, une modernisation des infrastructures sportives s’impose pour répondre aux besoins actuels et futurs des nombreuses associations sportives. Sur la base d’une analyse de l’existant, un processus de consultation a été lancé en 2019 visant l’élaboration d’un cahier des charges avec un programme de construction. Afin de permettre la mise en oeuvre du programme et de créer un lieu commun, des terrains d’une surface d’environ 9 hectares ont été achetés et reclassés au Mierscherbierg à ces fins.
Ensuite, un dialogue compétitif rémunéré a été lancé en 2023 avec trois équipes d’architectes, d’ingénieurs et d’urbanistes pour élaborer des projets sommaires. Les résultats du dialogue compétitif, dont le projet vainqueur, seront exposés du 4 juillet au 27 juillet 2024 au Mierscher Kulturhaus.
Extrait: Gemengebuet Den Nik n°150 juni 2024
wi all Joer invitéiert d Gemeng op de Cortège um Virowend vun national Féierdag. Vive Lëtzebuerg, vive den Heng!
di 3ten Editioun vun der Nuit du Sport war ee groussen Erfolleg mat iwwert 1200 Visiteuren !
Ronn 200 Jonker hunn un eisem Stand deel geholl an. Merci un d Gemeng Miersch a FitKannerMiersch fir di super organisatioun. Grousse Merci och un d Mathilde fir di schéi Fotoen https://mathildemagne.com
fir d Nuit du Sport den 8.6 hu mir zousätzlech einfach Klammrouten geschrauwt. Merci Steve, Frutz a Fern.
Fédération luxembourgeoise d'Escalade, Randonnée sportive et de l'Alpinisme kuerz FLERA huet den 18.4.24 am Boulodrome national zu Suessem seng Generalversammlung ofgehaal. de KKU war als Grënnungsmember natiirlech mat dobäi. Kenge Résumé:
1. D'Cotisatioun fir d Klibb ass vu 5€ op 10€ pro Member gehuewe ginn. (+125€ forfait pro Klub)
2. De Budget fir 2024 ass approuvéiert ginn;
3. De Jacques Welter ass fir ee weidert Joer als Président vun der FLERA confirméiert ginn.
4. D Memberen Daniel Martin KKU, Tom Dieschbourg an den David Antunes hunn sech aus dem Comité zereck gezunn.
GROUSSE Merci fir di vill GUT Aarbecht di d'FLERA mat un der Spëtz de Jacques benevole geleescht huet.
Weider esou!
KKB & KKU hunn zesummen ee Stage zu Biissen organiséiert.
Merci dem Tom an Ingmar vun Hi-Five climbing & adventure https://hifive.lu
Een zousätzlecht Seel a 24 nei Klammrouten waarden op Iech ! D'Bewertungsskala vun der Schwieregkeet gouf och ugepasst: Faarf vum Ziedel - Schwieregkeet
Greng - Einfach
Giel - manner Einfach
Orange - Bësse schweier
Blo - schweier
Roud - ganz schweier
Moof - extrem schweier
Villmools Merci der ganzer Ekipp di gehollef huet!!!
di 3. Editioun vum Fun-Cup, organiséiert vum KKB a KKU, war ee groussen Erfolleg!
Merci jidderengem deen deelgehol, gehollef oder gesponsored huet.
Mir gratuléieren eisen Athleten um Podium:
KIDS - 2. Plaz Anaïs - 1. Plaz Ben-Gaius 2. Plaz Mathis 3. Plaz Baptiste
TEENS 2. Plaz Danielle
MASTERS: 3. Plaz Françoise&Tessy - 1. Plaz Antoine & Fern 2. Plaz Laurent
Mir waren zu Nidderanven op Besuch
Eng Geleegenheet jonk Klemmer ze begeschteren
"Méi Beweeglechkeet, Kraaft an eng bessser Kierperspannung genee esou wéi Konzentratioun, eng kontrolléiert Otmung an Entspaanung hëllefen dir besser ze klammen awer och soss am Alldag."
Wéini : Donneschdes Owes 18h15-19h15
Datumer : 11.1 / 18.1 / 25.1 / 01.02 / 08.2 / (10-18.2 ass Vakanz) 22.2/ 29.2 / 07.03 / 14.3 / 21.3
Wou : Sall D.1.10 1. Stack vun der Sportshal vum Lycée Ermesinde Mersch 45, rue de la Gare L-7590 Mersch
Ween: Memberen vu KKU genee esou wéi net Memberen si wëllkomm!
Trainer : Marierose Frank huet 2016 seng Ausbildung zur Yogalehrerin am "Berufsverband der Yoga Vidya Lehrer" gema
Oflaaf : Mir konzentreieren eis ob Yoga-Übungen dei esouwuel Kraft, Beweeglechkeet, Otmung an Ausgläich förderen. D'Kueren beinhalt Beweegungs- wéi och Entspaanungsphasen.
Präis : 80 € fir 10 Séancen , Schnupperkuer 12€
Umellen per Email: klammklub.uelzechtdall@gmail.com
Wichteg: Wärend der Vakanz 25.12.2023-07.01.2024 si keng Klammkueren!
Kollege vun Nidderanven waren op Besuch
eng besonnesch Erausfuerderung fir déi Grouss an déi Kleng!
Nodeems di ganz riets Säit vun der Klammwand ofgeschrauft gouf, sinn haut nei Klammrouten geschrauft ginn! D'Routen sinn am "Boulder"-Style geschrauft a ginn och wéi beim boulderen mat Startgrëffer, markéiert mat schwaarzen Tape, gestart an den Top muss mat 2 Hänn gehaale ginn.
Vill Spaass beim testen an ee grousse Merci all de Fräiwëllegen déi gehollef hunn!
An enger flotter Session hu mir mat dem KKB zu Bissen nach eng kéier gemierkt wéi ustrengend eng méi héich Mauer ka sinn;) Villmools Merci un de KKB fir den Accueil an de Patt
An enger flotter Ambiance hu mir di lescht Saison Revue passéiere gelooss an een "neie" Comité gewielt. Merci un de Fred fir di impressionant Präsentatioun vu senger Big Wall Expeditioun am Josemite an den USA! op der Foto fehlen: Josiane a Myriam
Categories D-C-B @ D-Summit
Merci D-Summit & FLERA fir di super Competitioun! 👏
All Hëllef ass hei wëllkomm 💪
17h30-18h30 KIDS 8-10 ans
18h30-19h30 TEENS 11-14 ans
19h30-21h00 Fräiklammen ab 15 Joer
Emmer rem eng haart Session, déi éischt no der Summervakanz! ;)
Grousse Merci un Directioun vum Lycée Ermesinde dass si eis esou eng super Beliichtung fir d Klammwand installéiert huet!
Petra a Martin, Kollegen aus Tschechien, hunn dann och nach duerno an 3 Deeg 22 nei Klammroute gezaubert. Vill Spaass och hei beim testen. 🤩
Insgesamt 19 nei Klammroute hunn d´ Petra an de Martin an 2 Deeg geschrauwt. Et gëtt vill Neies ze testen 🤩
der gréisster Boulderhal aus der Groussregioun
Mir freen eis do boulderen ze goen wenn et fäerdeg ass. Gesäit well mega aus 🤩
KKU huet ee Slackline-Parcour Samstes a Sonndes um Kolla X Event, ee Familjenevent deen vun der "Kolla Asbl" zesummen mat der Mierscher Gemeng organiséiert gëtt.
Iwwersiicht :
Méindes a Mëttwochs Fräiklammen zu Biissen mam KlammKlub Biissen!
Wichteg: Dëst gëllt nëmmen fir di Léit di ee Klammpass hunn an et kascht 20EUR fir dee ganze Summer.
Treffpunkt Fitness-parcour Krounebierg fir dono ze grillen an chillen :-)
De KKU wor och dest Joer vertrueden
De KKU wor mat dobäi 💪
Nuit du sport wor dëst Joer e grousse Succès! Mir hoffen dass déi iwwer 200 Kanner déi oft vir d´éischt geklomm sinn Spaass haten. Merci un all jiddereen deen gehollef huet. Villmools Merci och un eise neie Sponsor Besch A Gaarden Zenter
07.05.2023 FUN-CUP KKU&KKB zu Biissen
Di 2. Editioun vum FUN-CUP war ee groussen Erfolleg. Insgesamt 54 Teilnehmer sinn an 3 Kategorien geklommen. Merci eisem Sponsor "Casper's Climbing Shop" an der Gemeng Biissen!
letzten Training virun der Vakanz
Fielsklammen bäi Audun-le-Tiche
Wéi schrauft een Routen? Och dat muss geléiert senn.... Formatioun mam David Lequeux!
An der Fiels am Centre vum SNJ Osterbour hunn sech de Samsden 22.4.23 ronn 30 Vertrieder aus de 14 Veräiner vun der FLERA versammelt. De KKU, a virun allem eise President de Fernand Wictor hunn des Assemblée organiséiert.
Wichteg News dozou:
Neie President : Jacques Welter (BKL)
Neie Club : BKM - Boulderklub Mamer
Cotisatioun gouf erhéicht vun 3,5€ op 5€/Member/Joer fir de Budget an den Equiliber ze bréngen.
D FLERA huet vill Projeten fir 2023-24 an ass op Benevoller ugewisen fir punktuell u verschidden Dossieren mat ze schaffen.
Laangfristeg kënnt d´ Federatioun net dolaanscht sech nei opzestellen fir all hiere Missioune gerecht ze ginn Stéchwuert: Professionaliséierung!
Als Abschid kruten de Jang a Fernand ee Seel geschenkt fir Merci ze soen fir hiert laangjäregt Engagement an der Federatioun.
Klammen mat dem LGS St Michel Miersch
Flott Sortie ob Tréier an den Eifelblock. Alles ginn a gudde Muskelkater
Verkleet mech dat ganzt nach vill méi Spass
Vill Kanner hunn sech déi éischt léier un d´Klammmauer getraut. Glécklecherweis wor de KKU mat ville Klëmmer présent vir déi jonk Ufänger ze ënnerstëtzen
14 Klemmer aus béide Klubs hunn sech zesummefonnt
Publizéiert an der floter Zeitung Ardennes et Alpes n°214 vun der belscher Klammfederatioun Club Alpin Belge.
All Donneschden um 18:30
Merci un de KKB
Grousse Merci un di ganz Ekipp an u Global Facilities fir Är grouss Hëllef!!
Am Scoutshome zu Miersch hu mir de Bilan vun der leschter Saison gema, een neie Conseil d'Administration opgestallt an de Budget fir kommend Saison 2023-24 festgehaal. Grousse Merci un den Schäffen Henri Krier, Här Mehmed Özen Member vun der Direktioun vum Lycée Ermesinde, Eieremember Gilbert Schneider (Gérant vum RedRock Climbing Center an 18 Joerlaang Président vum KKU) , Grupp LGS St Michel Miersch fir d Räumlechkeeten a jidderengem deen Deel geholl huet. Merci Fränk fir di flott Fotoen vu fréier!
Eisen neie Conseil d'Administration besteht aus folgenden 12 Leit:
Président: Fernand
Vice-Président : Tom F.
Secretaire générale: Françoise
Secretaire adjoint : Damian
Trésorier général: Yannick
Trésorier adjointe: Mim
Représentant RGPD: Tun
Représentant FLERA: Daniel
Responsable Materiel/Stock: Benoît
Responsable Finances/Sponsoring: Manon
Responsable jeunesse : Josiane
Responsable Media : Tom Fo.
Grousse Merci un de Ingmar an di ganz Ekipp vum KKN.
Wéi schonn di 2 lescht Joeren kommen d Petra an de Martin aus Tcheschien eis hëllefen fir ganz vill flott nei Routen ze schrauwen. Mir hunn ee groussen Deel vun den Grëffer ofgeschrauwt a gewäsch.
Comité um Stand-up-Paddle a Kanu um Stau
Merci Anne an Yves fir déi flott an naas Sortie :)
D'Memberen vum KKU a KlammKlub Biissen klammen zesummen zu Biissen.
à Mersch
Eicht Editioun mat groussem Succès!!!
De KKU huet zesummen mam KKB ee flotten FunCup organiséiert.
Grousse Merci un di ganz Ekipp Max, Paul, Petra a Martin!
De Paul a Fern hunn un der Formatioun am RedRock Climbing Center zu Suessem deel gehol !
inscription 20€ : LINK
Programm
26/03 8h00 - 16h00 Cat. D-C-B
27/03 12h00 - 19h00 Cat. A-Senior-Masters
Entrée grutite!
fir Iesen an drénken ass gesuergt ;-)
D'Memberen vum KKU a KKB klammen zesummen zu Biissen. Grousse Merci un de KKB an d Gemeng Biissen!
Mir wënschen all eise Memberen, Famill a Frënn schéi Féierdeeg an ee gudde Rutsch.
Grousse Merci dem Peta, Martin, Manon, Tun a Fernand fir 22 nei Voien !
Weini: Donneschden 9.12.2021 um 18h30
Wou: Biereng Hotel Marta
Wat: et geet ëmm d Zukunft vun dengem Klub
... dono zesummen iesen, drénken a Keele spillen :-)
Umeldung : klammklub.uelzechtdall@gmail.com
zu Miersch mam David Lequeux, Gérant vun der Kloterhal L'Escale vun Aarel.
Klick here to see the: RESULTS
14:00 - 17:00 Porte ouverte KKU & KKB zu Biissen
Jiiddereen ass Wëllkomm fir de Klotersport ze endecken
Méindes an Dënschdes Owes bidden mir Klammkueren fir Jonk a manner Jonk ;)
Och dëst Joer organiséiert d Federatioun FLERA nees ee Clean-up Day zu Berduerf. Jiddereen ass wëllkomm fir ze hëllefen fir eis Fielsen an d Weer propper ze haalen.
Mat dem kaaf vun engem T-Shirt fir 25€ kann een d Federatioun ennerstëzen.
wou: CASPER's Climbing Shop zu Mamer & RedRock Climbing center zu Suessem
no laanger Zäit huet d Klammhal L'ESCALE zu Aarel den 9. Juni 2021 nees seng Dieren op gema. Si hunn net nëmmen nei ugestach mee och ganz vill nei flott Route geschrauft!
de samsten 5. Juni 2021 konnt wärend der "Nuit du Sport" jiddereen vill sportarten entdecken an dobäi och d Kloterwand testen. Den Interessi war grouss an den Event ee vollen Erfolleg!
Rendez-vous zu Berdorf Parking "Maartbësch"
Jiddereen ass wëllkomm fir eng Hand unzepacken. Mir botzen lanscht d Weeër, d Klammrouten an drenken dono ee Patt zesummen.
Nodeem den Anselm Geimer (KSE) ganzer 6 Routen am 8b geklomm ass huet hien den 2 Juni 2020 di eicht 8b+ genannt "Zentrifuge" duerch geklomm!
Respekt a Gratulatioun !!!
De KKU huet u Versammlungen mat der Gemeng Miersch deelgehol betreffend de Projet vun enger neie Klammwand am Sportskomplex um Mierscherbierg
Grousse MERCI un d Gemeng Biissen a jiddereen den eis eng Hand ugepack huet.